Personal Training
Ech bidden ëmfaassend Servicer fir Iech un, är Fitnesszieler ze erreechen an e gesonde Liewensstil ze féieren. Meng Approche leit op der Erstellung vu personaliséierten Trainingspläng, déi spezifesch fir Iech entworf sinn, ënnert Berécksiichtegung vun ärem Fitnessniveau, Präferenzen a gewënschten Ziler. Egal ob dir wëllt verluere Muskelen opbauen, är Flexibilitéit erhéijen oder äert generellt Wuelbefanne verbessere, ech schaffe mat Iech zesummen unengem Plang deen är Bedürfnisser bedenkt.
Nieft Trainingsstonne bidden ech Iech eng wäertvoll gratis Berodung iwwer Ernärung un, fir sécherzestellen datt äre Kierper déi Narung kritt deen hie brauch an iech esou op ärer Fitness-Rees ënnerstëtzt. Ech hëllefen Iech méi gesond ze Iessen an esou zu ärem generelle Wuelbefanne bäizedroen.
Wat meng Servicer vun aneren ënnerscheet ass den Akzent op der Responsabilitéit a Ënnerstëtzung. Ech gleewe staark drun dass et wichteg ass reegelméisseg Fortschrëtter ze verfollegen an z'iwwerpréiwe fir esou d'Motivatioun ze halen an op dem richtege Wee bei ären Ziler ze bleiwen. Mäin Ziel als Motivatiouns-Coach ass et Iech ze inspiréieren an ze encouragéieren op al Etapp vun ärem Wee - Iech dobäi ze hëllefe konstant ze bleiwen an esou ärer neigewonnener Fitness-Routine trei ze bleiwen.
Gewiichtsreduktioun
Gewiichtsreduktioun huet oft mam Ruff no “Hëllef” oder “Ech brauch Ënnerstëtzung” ze dinn. Kommt mir setzen eis gemeinsam un den Dësch a maachen eng Bestandsopnam vun Ärem kierperlechen Zoustand. Vun do u begleeden ech Iech da wärend dem gesamte Prozess nodeems ech e puer Upassunge virhuelen.
EMS-Training
EMS steet fir Elektromuskelstimulatioun vun de Muskelen (Electro Muscle Stimulation).
Et ass eng nei Aart vun Training. Wosst Dir, datt 20 Minutten EMS-Training zwou Stonnen Training entspriechen?
​
- eegent sech fir jiddereen
- Gewichtsreduktioun
- Straffung vun der Haut (Ofbau vun Cellulite)
- séier Reduktioun vu Réckwéi
- bekämpft Arthrose
- fir Senioren, fir déi grouss Museksgruppen ze stäerken
- fir all déi, déi keng Zäit hunn (20 min = 2 Stonnen)
- exzellent fir d‘Rehabilitatioun, fir de Mangel u kierperlecher Aktivitéit ze kompenséieren.
Mentale Coaching & Seminären
Mentale Coaching
Mentale Coaching ass eng Coaching-Technik, déi de Leit dobäi hëllefe soll, hir berufflech a perséinlech Ziler z‘erreechen, wärend si un hire Gedanken, Iwwerzeegungen a Verhalensweise schaffen.
Dës Technik ka Mënschen dobäi hëllefen, nei Fäegkeeten z‘entwéckelen, mental an emotional Hindernisser ze iwwerwannen an hiert Selbstvertrauen ze stäerken. Coaching-Seancë kënnen eenzel oder a Gruppen ofgehale ginn an kënnen aus prakteschen Übungen an Diskussioune bestoen, fir deem Eenzelen ze hëllefen, seng Ziler ëmzesetzen.
Seminären
Mir organiséiere Seminäre fir Entreprisen, déi d’Relatiounen tëschent de Mataarbechter stäerken, déi kollektiv Motivation erhéijen, Leadership-Haltunge stäerken, asw. ... All eis Seminäre gi vun erfuerene, Experten op hirem Gebitt oder vu qualifizéierten Trainere präsentéiert. D’Seminäre kënne Präsentatiounen, praktesch Atelieren, Diskussiounsgruppen, Übungen an Fro & Äntwert-Seancen ëmfaassen.
Zéckt net a kontaktéiert eis, fir Ären Event z’organiséieren!!
Gesondheetsweekender & Weekender
Mir organiséieren Weekender oder Wochen en der Sonn.
An do proposéiere mir Iech e puer Optiounen :
• Relaxatioun
• Fitnesstraining
• Detox
• Golf
​
Kontaktéiert mech, fir weider Detailer gewuer ze ginn.