Dann soen ech Iech, firwat Dir Raul Gabellini wiele sollt:
1. Resultater:
Dem Raul Gabellini seng Erfollegsbilanz weist, dass seng Client’en hier Fitnesszieler erreechen.
Mat senger jorelaanger Erfarung, sengem professionelle Wëssen an Kenntnis, entwéckelt hien zesumme mat Iech
ee personaliséierten Trainingsprogramm fir är gewënschten Zieler effizient an effektiv ze erreechen.
2. Motivatioun:
De Raul Gabellini ass eenzegaarteg a senger Motivatioun.
Hien besetzt d’Fäegkeet seng Client’en ze motivéieren an ze inspiréieren op eng charmant Aart a Weis.
Fir hien ass all Client eenzegaarteg a sengem Wiesen, dofir passt hien säin Training op d’Bedürfnisser a Präferenze
vum Client un, ouni dat gemeinsaamt Ziel aus den Aan ze verléieren.
Well all Trainingsscéance un Dagesform vum Client ugepasst gëtt, bleift de Client begeeschtert a motivéiert.
Nëmmen esou, duerch dat stännegt Upassen un d’Bedürfnisser vum Clientë ginn déi gemeinsam gesaten Zieler erreecht
3. Ënnerstëtzung:
De Raul Gabellini ass kontinuéierlech um Client senger Seid, dat heescht dass den Training zu 100% begleet gëtt.
Och wann de Workout emol méi schwéier fält, gëtt hie mat vill fangerspetzen Gefill an Empathie déi néideg mental
Ënnerstëtzung an de Client fält doduerch net an d’Demotivatioun.
4. Sécherheet:
De Raul Gabellini iwwerwaacht kontinuéierlech a konzentréiert all Übung a korrigéiert se wann et néideg ass.
Dëst reduzéiert op ee maximum d’Gefor vunTrainingsverletzungen, sou dass de Client ee maximalen Trainingseffekt erziele kann.
Hien steet zu 100% un ärer Seid.
5. Variéierte Workout:
De Raul Gabellini mécht all Workout interessant an erausfuerderend.
Duerch säi professionelle Knowhow huet hien eng Panoplie un Exercicer parat,
déi hie fir all Workout un déi aktuell Bedürfnisser (Dagesform) vu sengem Client upasst.
Nëmmen esou, duerch dat stännegt Upasse vun den Trainingsunitéiten,
erreecht dir zesumme mam Raul Gabellini är Zieler ouni d’Motivatioun ze verléieren.
6. Engagement:
De Raul Gabellini ass engagéiert a motivéiert fir mat senge Client’en zesummen hier Zieler ze erreechen.
Fir hien ass all Client eenzegaarteg, an all Client huet sengeegen an individuell Bedürfnisser déi hie bei all Trainingsseance respektéiert.
7. Ernierung:
De Raul Gabellini gëtt och zousätzlech a fräiwëllech Rotschléi a punkto Ernierung.
Déi richteg Ernierung an en optimalen individuell adaptéierten Trainingsprogramm
sinn de Garant fir ee ganzheetlecht Wuelbefanne vum Client.
Eng gutt kierperlech Fitness, eng optimal Ernierung an eng ausgeglache mental Gesondheet si Basis
fir ee gesond Liewen, dofir steet de Raul Gabellini mat sengerjorelaanger Erfarung am Personal Training Beräich.
Dofir wielt de Raul Gabellini als ären Personal Trainer
Comments