top of page

Raul Gabellini

  • Konditioun / Athletic Trainer – Internationale Meeschter Diplom

  • Personal Trainer - Internationale Meeschter Diplom

  • Pilates Coach - Zertifizéiert (Niveau 1, Senioren, Schwangerschaft an Therapie)

  • Seniore Coach – Zertifizéiert

  • TRX Coach – Zertifizéiert

  • Kettlebell Coach – Zertifizéiert

  • Ernärung’s Coach – Zertifizéiert

  • Mental Trainer – Zertifizéiert

Virun eppes méi ewéi 10 Joer hunn ech mech zu engem berufflechen Neistart decidéiert
Zanterhier begleeden an encouragéieren ech meng Client‘en, hier gesaten Zieler mat hinnen zesummen ze erreechen

Dem Client seng physesch Gesondheet an säi kierperlecht Wuelbefannen sin fir mech dat Wichtegst. 
Dofir deelen ech mam Client mäi professionellt Wëssen, guidéieren a suivéiere säi gesamte Workout, fir esou déi gesaten Zieler zesummen ze errechen

All dës Joren u professioneller Erfarung a reegelméissege Weiderbildungen erméigleche mir, meng Client’e beschtméiglechst ze begleeden a si esou an hirem kierperlechem a mentalem Wuelbefanne ze ennerstetz

RAUL.jpg

In Partnership with

David Germeau

  • Ernärung & Gesondheetsgefährdung, Schafung vu Gesondheetsprogrammer

  • Master a Sport- an Ernierungswëssenschaften (Australien)

  • Master a kierperlecher Erzéiung (Belsch)

  • Zertifizéierte Coach C.H.E.K Level II Holistesch Lifestyle Coaching,

  • Practical Stress Resilienz Coaching, DNAfit, EFT, Physionutrition, Microdosing Movement.

  • Formateur fir zukünfteg Gesondheetsberoder – hei deelt hie säin professionellt Wësse fir esou déi nei Gesondheetsberoder beschtens virzebereeden

  • Gesondheetscoach fir Firmen an Entreprisen – hei kann den David hëllefen dat kierperlecht Wuelbefannen an der Entreprise ze steigeren

  • Opstellen vun personaliséierte Gesondheets- an Ernierungsprogrammer – den David optiméiert an reéquilibréiert är gesamt Ernierung mat Hëllef vun der Orthomolekularer Ernärung fir esou är Liewensqualitéit ze steigeren

Profile David.png

In Partnership with

Christophe Lehoux

Als fréieren Athlet a Sport begeeschterten, hunn ech mech als Performance a Mentalcoach ëmgeschoult fir esou Athleten, Sports Equippen, Traineren a Firmen ze ënnerstëtzen hiert mënschlecht a organisatoresch Potenzial ze optimiséieren. 

Mat menger professioneller Erfarung bidden ech meng Coaching-Fäegkeeten un, fir si esou beschtméiglechst ze begleeden an hinnen esou ze hëllefen, hir Ziler ze erreechen.

  • Ingenieur-Coach: Individuell a fir Equippen zertifizéiert (RNCP Niveau 7) an Accord mat dem Internationale Büro fir Aarbecht.

  • Performance Coaching

  • Team Building a Team Cohesion Coach

  • Master 2 fir Physiologie a Psychologie am Gebitt vun der Sportsperformance

  • Master 2 a Sports- a Edukatiounswëssenscheften

  • Master a der Erzéiung an Motorik

Mental Trainer

Unknown.jpeg

In Partnership with

MOV’ART Bertrange

Charlie Depaepe (Left)
Certified Personal Trainer

 

Fabio Texeira (Right)

Certified Personal Trainer
Certified Posturologist

movart.jpg
bottom of page